Archive News
Written by AdministratorChampionnat Cadets
Nom Landesmeeschter-Titel déi läscht Saison, hun eis Cadets "Lënster 1" dës Saison erem ganz gudd gespillt, a konnten sech den Titel Vice-Champion de Luxembourg secheren.
Bravo un den Denis, de Philippe an d'Isabelle !
Coupe Challenge de la Fédération
D'Equipe Lënster 3 konnt sech an enger spannender 1/2-Finale géint Flueswëller 2 behaapten a spillt elo den 17. Abrëll d'Finale géint Ell 2. Kommt op Käerjeng kucken an ënnerstëtzt eis Equipe !
Landesmeeschterschaften Minimes / Préminimes zu Jonglënster - 20/03/2016
Ganz gudd Leeschtungen vun eise jonke Spiller:
Goldmedaille am Double Préminimes: Biewer Denis (Lënster) / Scholtes Tom (Lennéng)
Sëlwermedaille am Eenzel Préminimes: Biewer Denis
Sëlwermedaille am Double Minimes: Mootz Philippe (Lënster) / Muller Jo (Bech-Macher)
Sëlwermedaille am Eenzel Minimes: Mootz Philippe
Um Site vun der FLTT sin och Fotoën an d'Gesamtresultater ze fannen
Italieneschen Owend - Samschdes, den 30. Abrëll 2016
Dir sidd alleguer härzlech invitéiert op eisen Italieneschen Owend !
Tournoi individuel Grand Prix AXA - DT Lënster - 03/01/2016
Villmols Merci un alleguer déi Sportler, déi op eisen Tournoi komm sin, a Félicitatiounen un alleguer d'Gewënner !
Mat 546 Aschréiwungen ass den Grand Prix AXA vum DT Lënster domat den (bis elo) meescht besichten Tournoi vun der Saison.
Hei sin d'Resultater:
Cup-Finals Day - 13/12/2015
KIDS-Cup:
Den DT Lënster huet no 2014/2015 alt erem eng Kéier de KIDS-Cup gewonnen, an dat souverän mat 4:0 géint Hueschtert-Folschette.
TEENS-Cup:
An der Finale hun eis Teens leider manner stark wéi gewinnt missten untrieden an hun 2:4 géint den Houwald verluer. Trotzdem Félicitatiounen fir d'Sëlwermedaille an déi gudd Leeschtungen !
Coupe THINK:
An enger super spannender Finale huet Lënster zum Schluss nët vill gefeelt bis zum Titel ; nom 3:3 an den Eenzel ass et am Double dun awer leider nët duer gaangen.
Felicitiatiounen un eis Sportler fir déi gudd Sëlwermedaille an de ganz starken Optrëtt !
Cup-Finals Day - 13/12/2015
An de Coupe-Finalen e Sonndeg, den 13. Dezember 2015 an der Coque ass den DT Lënster mat 3 Equipen vertrueden ! An der Coupe THINK, dem KIDS-Cup an dem TEENS-Cup hun eis Equipen et bis an d'Finale gepackt a spillen em den Titel. Kommt an ënnerstëtzt eis Spiller ab 14h00 an der Coque !
Finale Critérium national - Minimes/Cadets/Juniors - 14/11/2015
Eis jonk Sportler hu ganz gudd ofgeschnidden um nationalen Kriterium a folgend Plazen erreecht.
Minimes garçons:
Philippe Mootz: 3. Plaz
Denis Biewer : 10. Plaz
Cadets garçons:
Steve Biewer: 4. Plaz
Bonert Sébastien: 8. Plaz
Cadettes filles:
Isabelle Mootz: 7. Plaz
Gudd Resultater fir den DT Lënster am Jeunes an Minimes Championnat !
Félicitatiounen un eis 1. Equipe JEUNES, déi als Vize-Landesmeeschter konnten iwerzeegen.
Och eis 1. Equipe MINIMES hun eng ganz gudd 3. Plaz an der Nationaldivisioun konnten machen.
Gratulatioun un alleguer eis Spiller déi mat dobäi waren !
Den DT Lënster ass Landesmeeschter bei de Cadets !
Félicitatiounen un eis 1. Equipe Cadets, déi haut als Landesmeeschter um Podium konnten ganz uewen stoën. An denen 3 Ronnen vun der Meeschterschaft stoung eis Cadets-Equipe jeweils op der 1. Plaz an der Tabell vun der höchster Divisioun !
Bravo natierlech och un d'Cadets vum DT Ierpeldéng an dem DT Reiland fir déi 2. an 3. Plaz.
Gratulatioun un alleguer eis Spiller déi mat dobäi waren !
Championnats nationaux Cadets-Juniors-U21 - 03/05/2015 - Résultats
Félicitatiounen un eisen Double Cadets Filles fir déi 3. Plaz !
- Cadets Filles Double : Bronze fir den Double Annick Bonert - Isabelle Mootz
Championnats nationaux Préminimes-Minimes - 29/03/2015 - Résultats
Félicitatiounen fir déi gudd Resultater vun eisen Jugendspiller op den Landesmeeschterschaften Préminimes-Minimes !
- Préminimes Garçons Double : Sëlwer fir den Double Denis Biewer - Tom Dumont
- Préminimes Garçons Simple: Bronze fir den Denis Biewer
- Minimes Garçons Double:
- Gold fir den Double Steve Biewer - Christophe Zimmer (Woltz)
- Bronze fir den Double Sébastien Bonert - Piquard Loïc (Hueschtert-F.)
- Minimes Garçons Simple: Bronze fir den Sébastien Bonert
- Minimes Double Mixte: Gold fir den Double Steve Biewer - Ariel Barbosa (Bäerdref)
Championnats nationaux - 15/02/2015 - Résultats
Félicitatiounen un d'Lisy Weber fir déi zwou Sëlwermedaillen an de Kategorien Dames C Simple an Double op der Landesmeeschterschaft 2015 !
Mullenowend - Samschdes, den 31. Oktober 2015
Dir sidd alleguer härzlech invitéiert op eisen Mullenowend !
Italieneschen Owend - Samschdes, den 9. Mee 2015
Dir sidd alleguer härzlech invitéiert op eisen Italieneschen Owend !
Kriterium Préminimes - 08/02/2015 - Résultats
Félicitatiounen un den Denis an den Tom fir déi ganz gudd Plazéierungen an der Finale vum Kriterium Préminimes.
Championnats régionaux de l'est - 25/01/2015 - Résultats
Félicitatiounen un alleguer eis Spiller, déi op de Regionalmeeschterschaften eng Kategorie gewonnen hun oder sech gudd plazéiert hun.
Den DT Lënster konnt insgesamt 8 Medaillen gewannen, dovun 3x Vainqueur, 2x Finaliste, an 3x eng 3. Plaz!
Tournoi individuel Grand Prix AXA - DT Lënster - 04/01/2015 - Résultats
Villmols Merci un alleguer déi Sportler, déi op eisen Tournoi komm sin. Mir haten insgesamt 479 Aschréiwungen.
Félicitatiounen un alleguer d'Spiller, déi op eisem Tournoi eng Kategorie gewonnen hun oder sech gudd plazéiert hun !
KIDS-CUP 2014 - Lënster gewënnt !
Eis Jugend huet d'1/2-Finale souverän 4-0 géint Ierpeldéng gewonnen an och d'Finale géint Houwald konnt däitlech 4-1 gewonnen gin. Bravo fir déi gudd Leeschtung !!
Tournoi individuel DT Lënster - 23/11/2014 - Résultats
Félicitatiounen un alleguer d'Spiller, déi op eisem Tournoi eng Kategorie gewonnen hun oder sech gudd plazéiert hun !
Tournoi individuel DT Lënster - Sonndes, den 23. November 2014 am Centre polyvalent Gaston Stein
All Dësch-Tennis-Spiller an och Zuschauer sin härzlech invitéiert op eisen éischten vun 2 Tournois, déi mir dës Saison organiséieren !
Fir Iessen an Gedrénks ass de ganzen Dag iwwer gesuergt.
Umeldungen gin just via den Intranet vun der FLTT ugeholl.
Klickt hei fir d'Règlement vum Tournoi ze kucken !
08:30 D1
09:00 D3
09:30 D2
10:00 C3
10:30 Jeunes C/D
11:00 C1
12:00 C2
13:00 Open Handicap
14:00 B1
15:00 B3
15:00 A/B1/B2
16:00 B2
Critérium National - Eliminatoires
E puer vun eisen Minimes a Cadets waren e Sonndeg, den 12/10/2014 bei den Eliminatoires um Criterium mat dobäi. Si hun alleguer gudd gekämpft. Kuckt Iech den Detail vun hire Mätcher hei un !
Mullenowend - Samschdes, den 25. Oktober 2014
Dir sidd alleguer härzlech invitéiert op eisen Mullenowend !
Tableaux vun de Coupe-Compétitiounen
D'Coupe-Compétitiounen (Frantz Think; Challenge de la Fédération, Teens / Kids-Cup) sin ausgeloust.
Mir spillen an der Coupe Frantz Think mat eiser 1. Equipe, am Challenge mat 5 Equipes, am Teens-Cup mat enger an am Kids-Cup mat 2 Equipen mat.
Dir fannt hei d'Tableaux dozou:
Léiergäng fir Jugendspiller
D'FLTT proposéiert als Préparatioun op déi nei Saison zwee Léiergäng an der Coque (01-05.09 an 08-12.09). Et ass all Dag Training vun 9h00 bis 12h00.
D'Käschte fir dës Léiergäng si vun de Spiller sëlwer ze bezuelen, an umelden kann een sech direkt bei der FLTT bis spéitsdens den 27. August 2014.
International Jugendmeeschterschaften Lëtzebuerg
Den Steve Biewer ass op déi 13 / 18 Plaz komm - Gratulatioun !
Fusioun vum DT Gueber/Lënster an DT Gonneréng
Déi 2 Dësch-Tennisveräiner hun viru kuerzem décidéiert fir mateneen ze fusionnéieren, mam Ziel fir denen aktuellen an zukünftegen Dësch-Tennisspiller aus der Gemeng Jonglënster en optimalen sportlëchen Encadrement kënnen unzebidden.
D'Grëndungsversammlung war e Mëttwoch, den 28. Mai 2014, wou dann och den neien Dësch-Tennisveräin mam Numm "Dësch-Tennis Lënster asbl" seng Statuten ugeholl huet.
Weider Informatiounen iwert déi sportlech an och aner Manifestatiounen vum DT Lënster gin et regelméisseg hei ze liesen.
De Comité wënscht alleguer de Memberen vum DT Lënster vill Erfolleg fir déi nei Saison 2014/2015 !
Barrages Cadets 2013-2014
Bravo un eis Cadets-Equipe Gonnereng 2 (Isabelle, Denis a Philippe) déi Champion an der Divisioun 4 gi sin !
Si hun an enger spannender Finale 5:4 géint Réimech 2 gewonn.
Firdrun gouf 5:0 géint Houwald 2 an 5:4 géint Nouspelt 1 gewonn.

Leider ass et fir eis Equipe Gonnereng 3 (Danielle, Lou a Luc) nët grad esou gudd gaangen - si konnten sech nët fir d'1/2-Finale qualifizéieren, hun awer trotzdem och gudd gekämpft an den 1. Match gewonn.
Landesmeeschterschaften Préminimes / Minimes, 30. März 2014:
Félicitatiounen fir d'Resultater op den Landesmeeschterschaften:
Categorie "Minimes garçons":
3. Plaz fir den Steve Biewer
Categorie "Double Préminimes/Minimes mixte":
3. Plaz fir d'Isabelle Mootz an de Charel Goergen
Categorie "Double Minimes":
1. Plaz fir den Steve Biewer an den Alberto Moro (Bridel)
Hei sin déi komplett Resultater:
Felicitatiounen fir déi ganz gudd Resultater op de Landesmeeschterschaften !
Dames D Doubles:
2. Plaz fir d'Annick Bonert an d'Isabelle Mootz
Dames D Simples:
2. Plaz fir d'Isabelle Mootz an 3. Plaz fir d'Annick Bonert
Messieurs C Doubles:
1. Plaz fir den Joé Oberweis an de Sébastien Bonert.
Méi dozou steet och nach hei op MyWort.lu, an dir fannt och nach Fotoën op rtl.lu vum Podium 'Hären Doubbel C' , 'Dammen Eenzel D' an 'Dammen Doubbel D'
Mir haten insgesamt 363 Aschreiwungen fir d'Regionalmeeschterschaften fir den OSTEN. Villmols Merci un alleguer déi, déi eis gehollef hun !
Speziell Félicitatiounen un déi Spiller aus eisem Veräin, déi et bis bei d'Medaillen gepackt hun - kuckt d'Resultater hei.
Bravo awer och fir den Asaatz vun alleguer denen, fir déi et dëst Joër nët duer gaangen ass, fir op eng vun denen éischte Plazen ze kommen.
Gratulatioun un eis "KIDS" (Steve, Sebastien a Charel) fir déi gudd Leeschtung am KIDS-Cup. Si hun eng spannend Hallef-Finale geliwwert an nëmme knapp d'Finale verpasst ! Kuckt d'Fotoën hei !


